Den Trainerstaff fir d'Saison 2021/2022 ass confirméiert ⚽️

Den Trainerstaff fir d'Saison 2021/2022 ass confirméiert ⚽️

De Comité vum Alliance Äischdall ass frou iech d'Trainere fir d'nächst Saison ze präsentéieren.

 

Weiderhin en Charge vun der éischter Equipe ass den Thierry Marx.

 

Hie gëtt och nächst Joer vum Alain Palgen ënnerstëtzt. Dëst ënnert senger neier Funktioun als sportlechen Direkter.

 

Och den Armand Goldschmit bleift eis als Goalkeepstrainer erhalen.

 

Komplettéiert gëtt eist Team vum Luc "Bill" Roj als neie Co-Trainer a Responsabele vun der zweeter Equipe. Wëllkomm Bill!

 

Allez Äischdall!